top of page

E puer Informatiounen iwwert mech:

Säit 2020 sinn ech diploméiert klinesch Psychologin.

Ech schaffen no de Grondsätz vun der Verhalenstherapie. Dobäi ass et mir wichteg, Iech als Mënsch mat Ärer eegener Geschicht, Äre Wäerter an Ären Erfahrungen kennen ze léieren. Zesumme probéiere mir ze verstoen, wat Är Schwieregkeeten oprechterhält a wéi nei Weeër am Ëmgang domat entstoe kënnen.

 

E besonnesche Fokus a menger Aarbecht läit dorop, Emotiounen besser ze verstoen, se anzuerdnen, se ze fillen an en hëllefräichen Ëmgang mat hinnen ze entwéckelen.​ Ech begleede Mënschen bei der Bewältegung vun erausfuerdernden Liewenssituatiounen an no belaaschtenden Erfahrungen.

 

Wann Dir d’Gefill hutt, datt meng Approche fir Iech interessant kéint sinn, kënnt Dir Iech gären per E-Mail bei mir mellen. An de weidere Schrëtt kucken mir zesummen, ob eng psychologesch Berodung bei mir zu Äre Besoinen an Ärer Situatioun passt.

 

Disponibilitéiten: Fir Erwuessener (ab 21 Joer), Mëttwochs an Donneschdes (Nomëttes) op Letzebuergesch an Däitsch. 

Ausbildung a berufflech Erfahrung:

  • Berufflech Erfahrung zanter 2021 mat Eenzel- a Gruppentherapien an der Ambulanz vun der Psychologischen Hochschule Berlin (PHB), am Rehazentrum Seehof zu Berlin an am Centre Pensées zu Berlin.

  • Ausbildung zur Psychotherapeutin an der kognitiver Verhalenstherapie un der Psychologischen Hochschule Berlin (PHB) an Däitschland fir Eenzel- a Gruppentherapie (2021–2026).

  • Master an der klinescher Psychologie op der Université Libre de Bruxelles (2018–2020).

  • Bachelor an der Psychologie op der Université Libre de Bruxelles (2014–2018).

KONTAKT

10A, Elterstrachen

L-7260 Bereldange

Bus 10 (Steinsel) - Bereldange Elterstrachen

Parking an der Strooss mat Disc

​Fir Froen oder e Rendez-Vous auszemaachen, kontaktéiert w.e.g. Är gewielten Therapeutin direkt per Telefon oder E-Mail.

D'Psychotherapie gëtt vun der CNS rembourséiert.

  • Facebook Social Icon

© 2026 by Centre de Psychothérapie

bottom of page