top of page

Gruppentraining fir d'sozial kompetenzen

D‘Zil vun dësem strukturéierten Übungsprogramm ass et, grondleeënd Kompetenze fir den Ëmgang mat anere Mënschen ze léieren bzw. ze verbesseren.

 

Den Training riicht sech u Leit, déi Problemer hu fir:

  • Nee ze soen

  • Widdersproch ze äusseren

  • Kritik ze äusseren

  • Rechter anzefuerderen

  • Wënsch ze äusseren

  • Gefiller oppen ze weisen

  • Schwächten anzegestoen

  • Sech ze entschëllegen

  • Op Kritik ze reagéieren

  • Gespréicher unzefänken an oprecht ze erhalen

  • Ëm e Gefalen ze bieden

  • Komplimenter ze maachen an unzehuelen

Déi 12 Seancen hunn zum Inhalt:

  • Allgemeng Informatiounen zur Kommunikatioun a selbstsécherem Optrieden.

  • Praktesch Übungen a Rollespiller fir d’Kommunikatiounstechniken systematesch anzeüben.

  • Dräi Situatiounstypen:

  1. Eege Rechter, Interessen, Uspréch duerchsetzen: berechtegt Fuerderungen stellen oder Fuerderungen vun aneren refuséieren (z.B. en Artikel ëmtauschen).

  2. Bezéiungen fleegen: eege Gefiller a Bedürfnisser a noe Bezéiungen (z.B. Partnerschaft, Kanner, Frënn, Elteren) äusseren a gläichzäiteg op d‘Bedürfnisser an d‘Gefiller vum aneren agoen an e Kompromëss fannen.

  3. Sech sympathesch maachen: D‘Sympathie vun aneren duerch eegent sympathescht Optrieden gewannen (z.B. Kontakter hierstellen, ëm e Gefale bieden).

 

D’Seance ginn op Lëtzebuergesch geleet an eemol d’Woch (Méindes vu 17h00 bis 19h00) wärend 12 Woche gehalen.

Fir méi Informatiounen kontaktéiert w.e.g. d'Catherine Richard.

Catherine1_edited_edited_edited_edited.j

+352 621 233 646

catripsy@gmail.com

KONTAKT

10A, Elterstrachen

L-7260 Bereldange

Bus 10 (Steinsel) - Bereldange Elterstrachen

Parking an der Strooss mat Disc

​Fir Froen oder e Rendez-Vous auszemaachen, kontaktéiert w.e.g. Är gewielten Therapeutin direkt per Telefon oder E-Mail.

D'Psychotherapie gëtt vun der CNS rembourséiert.

  • Facebook Social Icon

© 2023 by Centre de Psychothérapie Bereldange

bottom of page