top of page

Individuell therapie

D'Psychotherapie gëtt vun der CNS rembourséiert, zu 70% fir Erwuessener an zu 100% fir Mannerjähreger: https://cns.public.lu/fr/assure/remboursements/prestations-remboursees/prestations-medicales/psychotherapie.html

​

Spezialgebidder am Centre de Psychothérapie

  • Depressiounen

  • Angschtstéierungen (z.B. Phobien, Generaliséiert Angschtstéierung, Panikstéierung)

  • Stress

  • Burnout

  • Traumaen ​​

  • Selbstwäertproblemer a Mangel u Selbstvertrauen

  • Ëmgang mat schwierege Gefiller

  • Impulsivitéit

  • Mobbing

  • Problemer mat de Matmënschen a Kommunikatiounsproblemer

  • Iessstéierungen a gestéiert Iessverhalen

  • Gewiichtsproblemer

  • Schlofproblemer

  • Psychosomatesch Problemer

  • Kritesch Liewensverännerungen (z.B. Pensioun, Trennung, Verloscht vun der Aarbechtsplaz, ...)

  • Suchtverhalen (z.B. Cannabis, Alkohol, Gaming)

  • Schoulesch Schwieregkeeten oder Motivatiounsverloscht

  • Long COVID

​

D'Therapien ginn offréiert op Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch. All TherapeutIn huet seng eege Spezialgebidder.

​

D’Ekipp vu klinesche PsychologInnen ass forméiert an der Kognitiver Verhalenstherapie (KVT), an der Schematherapie an och an der EMDR Therapie (Eye Movement Desensitization and Reprocessing).

​

D’KVT ass eng Form vu Psychotherapie, déi et allgemeng zum Zil huet, d’mental Gesondheet ze verbesseren. De Fokus läit um Hannerfroen a Veränneren vun net hëllefräiche kognitive Verzerrungen (z.B. Gedanken, Iwwerzeegungen an Astellungen) a Verhalensweisen fir den Ëmgang mat den eegene Gefiller ze verbesseren a perséinlech Strategien ze erschaffen fir mat aktuelle Problemer ëmzegoen.

​

An der Schematherapie geet et dorëms, de Patient dobäi ze ënnerstëtzen, haartnäckeg an net hëllefräich Erliewens- a Verhalensweisen, déi ëmmer erëmkommen – sougenannt Musteren a Schemaen – ze iwwerwannen an duerch hëllefräich Alternativen ze ersetzen.

​

D’EMDR Therapie huet zum spezifeschen Zil, dass schwiereg Erënnerungen verschafft ginn an dass d’emotional an d’physiologesch Belaaschtung verbonne mat engem oder méi traumateschen Erliefnisser reduzéiert ginn.

​

KONTAKT

10A, Elterstrachen

L-7260 Bereldange

Bus 10 (Steinsel) - Bereldange Elterstrachen

Parking an der Strooss mat Disc

​Fir Froen oder e Rendez-Vous auszemaachen, kontaktéiert w.e.g. Är/e gewielten Therapeut/in direkt per Telefon oder E-Mail.

D'Psychotherapie gëtt vun der CNS rembourséiert.

  • Facebook Social Icon

© 2026 by Catherine Richard

bottom of page