

CENTRE DE PSYCHOTHERAPIE
Bereldange
daniel bintner
Häerzlech wëllkomm!
Et freet mech, datt Dir de Wee zu eisem Therapiezentrum fonnt hutt. Mir ass et wichteg, datt Therapie sech mënschlech, ënnerstëtzend a passend fir Iech ufillt. Eng gutt therapeutesch Bezéiung ass dobäi eng wichteg Basis. Dir sollt Iech sécher, verstanen a wuel fillen.
Wou kënne mir zesumme dru schaffen?
Fir Jugendlecher a jonk Erwuessener (14–21):
-
Intensiv Emotiounen & Impulsivitéit
-
Ängscht, Phobien & Panikattacken
-
Depressiounen
-
Schoulesch Schwieregkeeten oder Motivatiounsverloscht
-
Konflikter an der Famill oder mat Frënn
-
Gaming & Online-Liewen
-
Nidderegt Selbstwäertgefil & Orientéierungslosigkeit
-
Alkohol- oder Drogekonsum
-
Trauma & belaaschtend Erliefnesser
Fir Erwuessener (+21):
-
Intensiv Emotiounen & Impulsivitéit
-
Ängscht, Phobien & Panikattacken
-
Depressiounen
-
Déifgräifend emotional a Bezéiungsmusteren besser verstoen — besonnesch bei laang bestoende Schwieregkeete mat Identitéit, Selbstwäert oder intensiven Emotiounen, wéi zum Beispill bei Borderline-Dynamiken.
-
Ofhängegkeet & problematesche Substanzkonsum
-
Trauma & belaaschtend Erliefnesser
-
COVID
Meng Approche:
Fir mech ass Therapie e Prozess, dee mir zesumme gestalten. Zesumme fanne mir eng Approche, déi zu Äre Besoinen an Ären Ziler passt. Är Froen a Feedback sinn dobäi ëmmer wëllkomm.
Dobäi baséiert sech eis Aarbecht op wëssenschaftlech fundéierte Methoden, virun allem Kognitiv Verhalenstherapie, Dialektesch Verhalenstherapie an Acceptance and Commitment Therapie. Je no Besoin kënnen och EMDR an hypnotherapeutesch Techniken Deel vun der Therapie sinn.
Disponibilitéit: Dënschdes Nomëttes, Freides Nomëttes a Samstes moies op Lëtzebuergesch, Däitsch an Englesch.
Ausbildung:
-
2015: BSc in Psychology - University of Lincoln (UK)
-
2017: NGH Hypnotherapy Certificate - HypnoTC (UK)
-
2018: MSc in Developmental Psychology - University of Lincoln (UK)
-
2020: Master in Clinical Psychology - Utrecht University (NL)
-
2022: DBT-A - AWP Berlin (DE)
-
2023: EMDR (Level 1) - Resilience Institute Luxembourg (LU)
-
2024: EMDR (Level 2) - Resilience Institute Luxembourg (LU)
-
2025: Master in Psychotherapy - University of Luxembourg (LU)
Beruflech Erfahrung:
-
2019: Service Psycho-social et d’Accompagnement Scolaire (SePAS) – International School Michel Lucius
-
2022: Orangerie 3 (Jugendpsychiatrie) - Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (LU)
-
2022: Ambulant Dialektesch Verhalenstherapie (DBT) fir Jugendlecher a Risikosituatiounen - Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (LU)
-
2023: Zentrum fir Psychotherapie (Long COVID) - Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (LU)
-
2024: Centre Therapeutique Manternach (Addiktologie) - Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (LU)
International Konferenzen & Presentatiounen:
-
2024: Treating Long COVID Haulers: Different psychological Interventions for patient- centered Care - European Association for Behavioural and Cognitive Therapies
-
2025: Enhancing Adolescent Engagement in DBT: Integrating Self-Determination Theory and Motivational Interviewing - European DBT Association
