Catherine richard

+352 621 233 646
Klinesch Psychologin a Psychotherapeutin an der Kognitiver Verhalenstherapie fir Erwuessener ab 21 Joer a Coordinatrice vum Centre de Psychothérapie Bereldange.
D'Catherine Richard huet studéiert zu Lëtzebuerg an zu Berlin (Bachelor en Psychologie, 2010), zu Fribourg an der Schwäiz (Master en Psychologie Clinique et de la Santé, 2012) an zu Tréier (Kognitive Verhaltenstherapie, 2017).
Berufflech Erfarung huet si säit 2013 mat Eenzel- a Gruppentherapien fir Erwuessener. Ausserdeem huet si eng Weiderbildung an der Traumatherapie EMDR (Eye Movement Desensitization and Reprocessing) an ass a selbststänneger Praxis säit 2017. Ënnert hirer Koordinatioun ass am Januar 2020 de Centre de Psychothérapie Bereldange opgaangen. Nieft Eenzeltherapien ginn och Gruppentherapien ugebueden.
Hier Spezialgebidder sinn Erwuessener (21+) mat Depressiounen, Ängschten, Phobien, Panikattacken, Stress, Burnout, Kommunikatiounsproblemer, Selbstwertproblemer, Traumaen oder kritesche Liewensverännerungen.
Si bidd och de Gruppentraining fir d'sozial Kompetenzen un.
Rendez-Vous Dënschdes, Mëttwochs, Donneschdes a Freides no Ofsprooch op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.