

CENTRE DE PSYCHOTHERAPIE
Bereldange
Noëlle ludovicy
Diploméiert klinesch Psychologin an Psychotherapeutin
Spezialgebidder:
-
Belaaschtungen duerch kritesch Evenementer, traumatesch Erliefnisser
-
Suchtverhalen (wéi z.B. Cannabis, Alkohol)
-
Co-dépendance vum Entourage
-
Vermeidungsverhalen, Ängschten
-
Schwieregkeeten mam Selbstwäert, mat Bindung an Autonomie
-
Ëmgang mat Stress, Schwieregkeeten bei der Emotiounsregulatioun
-
Berodung fir Elteren vun Jugendlechen
Schwieregkeeten/Symptomer déi sech bei enger Persoun weisen, egal op mat hir selwer oder mat hirem Ëmfeld, kënnen een Zeechen vu Bedürfnisser sinn, déi ze kuerz komm sinn oder net genuch an der Vergaangenheet erfëllt goufen. Et kann och bedeiten, dass belaaschtend Erliefnisser vu fréier nach net ganz integréiert sinn a sech ëmmer nees am Hier und Jetzt bemierkbar maachen. Ech hëllefen der Persoun ze verstoen, wat déi aktuell Funktioun vun deene Schwieregkeeten/Problemer ass a wéi d‘Persoun selwer Léisungen ka fannen, bzw. besser mat der Situatioun kann eens ginn.
Vu mengen theoreteschen Referenzen bilden déi systemesch Therapie an Traumatherapie d’Basis. Duerch méi wie 20 Joer Beruffserfarung a Weiderbildung sinn awer och aner Referenzen an therapeutesch Interventiounen dobäi komm, déi ech reegelméisseg benotzen. D‘Schematherapie gesinn ech als eng grouss Beräicherung a menger Aarbecht fir integrativ ze schaffen.
Meng Approche baséiert op engem humanistesche Mënschebild a versicht d‘Persoun an senger Globalitéit an a sengem Kontext ze verstoen. Mäin therapeutesche Stil ass ressourcenaktivéierend. Et geet drëms d’Persoun an hirem Verännerungsprozess ze ënnerstëtzen, d.h. se ze befäegen méi Fräiheet, méi Distanz oder Akzeptanz ze entwéckelen fir hir Géigewaart an Zukunft.
Studium an Beruffserfarung:
-
Psychologiestudium op der Université Catholique de Louvain-la-Neuve, Diplôme Licenciée en sciences psychologiques. Orientation psychologie clinique systémique (2001).
-
Laangjäreg therapeutesch Weiderbildungen: klientenzentrierte Gesprächsführung, Psychotraumatologie-Traumazentrierte Psychotherapie, EMDR (Eye Movement Desensitization and Reprocessing), Systemische Therapie und Beratung, Schematherapie.
-
Säit 2017 vum Ministère de la Santé als Psychotherapeutin unerkannt a registréiert am Collège médical.
-
Erfarung vun méi wéi 20 Joer bei verschiddenen ambulanten Berodungsservicer fir Jugendlecher, jonk Erwuessener an hiert Ëmfeld: Psy-Jeunes (Croix-Rouge Luxembourgeoise), Haus 13 an IMPULS (Solidarité-Jeunes asbl.), esou wéi bei Erwuessenen: Familljen-Center an COVID-Helpline.
-
Vun 2004 bis 2018 membre actif vum GPEPT (Groupe Permanent d’Encadrement Psychotraumatologique) vum Ministère de la Famille et de l’Intégration an am Asaz bei diversen Grossschadensereignisser fir d‘Nobetreiung vun den Affer an den Angehörigen.
Mäin Angebot riicht sech un Erwuessener an d‘Gespréicher fannen statt entweder am Eenzelsetting oder am Kontext vum Coaching parental.
Terminer op rdv: Donneschdes moies a Freides nomëttes op Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Fir en 1.Termin, kënnt Dir mech uruffen oder eng E-Mail schreiwen