top of page

Individuell therapie

D'Psychotherapie gëtt zu 70% vun der CNS rembourséiert: https://cns.public.lu/fr/assure/remboursements/prestations-remboursees/prestations-medicales/psychotherapie.html

Spezialgebidder am Centre de Psychothérapie

  • Depressiounen

  • Angschtstéierungen (z.B. Phobien, Generaliséiert Angschtstéierung, Panikstéierung)

  • Stress

  • Burnout

  • Selbstwäertproblemer a Mangel u Selbstvertrauen

  • Ëmgang mat schwierege Gefiller

  • Mobbing

  • Problemer mat de Matmënschen a Kommunikatiounsproblemer

  • Iessstéierungen a gestéiert Iessverhalen

  • Gewiichtsproblemer

  • Schlofproblemer

  • Psychosomatesch Problemer

  • Kritesch Liewensverännerungen (z.B. Pensioun, Trennung, Verloscht vun der Aarbechtsplaz, ...)

  • Traumaen ​​

  • Suchtverhalen (z.B. Cannabis, Alkohol)

D'Therapien ginn offréiert op Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch.

D’Ekipp vu klinesche Psychologinnen ass forméiert an der Kognitiver Verhalenstherapie (KVT), an der Schematherapie an och an der EMDR Therapie (Eye Movement Desensitization and Reprocessing).

D’KVT ass eng Form vu Psychotherapie, déi et allgemeng zum Zil huet, d’mental Gesondheet ze verbesseren. De Fokus läit um Hannerfroen a Veränneren vun net hëllefräiche kognitive Verzerrungen (z.B. Gedanken, Iwwerzeegungen an Astellungen) a Verhalensweisen fir den Ëmgang mat den eegene Gefiller ze verbesseren a perséinlech Strategien ze erschaffen fir mat aktuelle Problemer ëmzegoen.

An der Schematherapie geet et dorëms, de Patient dobäi ze ënnerstëtzen, haartnäckeg an net hëllefräich Erliewens- a Verhalensweisen, déi ëmmer erëmkommen – sougenannt Musteren a Schemaen – ze iwwerwannen an duerch hëllefräich Alternativen ze ersetzen.

D’EMDR Therapie huet zum spezifeschen Zil, dass schwiereg Erënnerungen verschafft ginn an dass d’emotional an d’physiologesch Belaaschtung verbonne mat engem oder méi traumateschen Erliefnisser reduzéiert ginn.

KONTAKT

10A, Elterstrachen

L-7260 Bereldange

Bus 10 (Steinsel) - Bereldange Elterstrachen

Parking an der Strooss mat Disc

​Fir Froen oder e Rendez-Vous auszemaachen, kontaktéiert w.e.g. Är gewielten Therapeutin direkt per Telefon oder E-Mail.

D'Psychotherapie gëtt vun der CNS rembourséiert.

  • Facebook Social Icon

© 2023 by Centre de Psychothérapie Bereldange

bottom of page