top of page

christine arendt

thumbnail_ecf954bf-db8d-493f-89e3-815451

+352 621 410 305

​

arendt.c@gmail.com

​

Härzlech Wëllkomm!

​

Ech freen mëch, dass Dir den Wee zu eisem Therapiezentrum fonnt hudd, an Iech iwerleed, eng Therapie ze man. Dat as eng wichteg Entscheedung, an den passenden Therapeut ze fannen as d’Basis vir eng erfollegräich Therapie.

​

Hei e puer Informatiounen iwert mech, déi Iech bei Ärer Sich kéinten weiderhëllefen:

  • Diploméiert klinesch Psychologin a Psychotherapeutin an der Kognitiver Verhalenstherapie fir Erwuessener ab 18 Joer

  • Psychologiestudium zu Lëtzebuerg (Vordiplom, 2004) an an Däitschland zu Tréier (Diplom 2008)

  • Psychotherapiestudium an Däitschland zu Tréier a Kognitiv Verhalenstherapie (Diplom 2014) an registréiert am Collège Médical sait 2018

  • Säit 2008 agestallt am Centre Hospitalier de Luxembourg an der Clinique des Troubles Emotionnels, vir Eenzel- a Gruppentherapien

  • Referenzpsychologin vun 2010-2018 am Centre de Fertilité vun der Maternité vum CHL vir d’Begleedung vun Leit mat Infertilitéitsproblemer

  • Weiderbildung an der Traumatherapie EMDR (Eye Movement Desensitization and Reprocessing, 2015)

  • Certificat als Coach Nutrition (2017) an Weiterbildung an der Ernährungsmedizin (2019)

  • Privatpraxis sait 2014

Méng Spezialgebidder sinn Iessstéierungen bzw. gestéiert Iessverhalen, Gestioun vun Iwwergewiicht, Trauma an Ängschten, Trauer, Relationnell- an Bindungsproblemer a Mangel un Selbstwäert, dat Ganzt an Eenzel- an Gruppentherapien.

​

Rendez-Vous sin méigleg no Ofsprooch Méindes moies, Dënschdes, Donneschdes mëttes a Freides, op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.


Falls mein Angebot Iech uspriecht an Dir en éichten rendez-vous wëllt ausmaan, kënnt Dir mech uruffen (hannerlosst en message) oder eng Email schreiwen.

​

Ech freen mech drop Iech kennenzeléieren!

bottom of page