top of page

Noëlle ludovicy

IMG_3392(1).jpeg

+352 621 794 075

psy.ludovicy@outlook.com

Diploméiert klinesch Psychologin an Psychotherapeutin

 

Schwieregkeeten/Symptomer die sech bei enger Persoun weisen, egal op mat sech selwer oder mat sengem Emfeld, kënnen een Zeechen vun Bedürfnissen sin die ze kuerz komm sin oder net genuch an der Vergangenheet erfëllt guffen. Et kann och bedeiten, dass belaschtend Erliewnisser vun fréier nach net ganz intégréiert sin an sech emmer nees am Hier und Jetzt bemierkbar machen. Ech wëll der Persoun hëllefen ze verstoen wat die aktuell Funktioun vun denen Schwieregkeeten/Problemer ass an wéi d‘Persoun selwer Léisungen kann fannen, bzw. besser mat der Situatioun kann eens gin.

 

Spezialgebidder :

  • Belaschtungen durch kritesch Evenementer, Traumaen

  • Suchtverhaalen (wie z. Bsp. Cannabis, Alkohol)

  • Co-dépendance vum Entourage

  • Vermeidungsverhaalen, Ängschten

  • Schwieregkeeten mam Selbstwert, mat Bindung an Autonomie

  • Emgang mat Stress, Schwieregkeeten bei der Emotiounsregulatioun

  • Coaching parental fir Elteren vun Jugendlechen.

 

Vun mengen theoretischen Referenzen bilden Systemik an Traumatherapie d’Basis. Den systemorientéierten Blëckwënkel an den „traumatherapeuteschen Brëll“ hëllefen mir gewëssen wichteg Aspekter an der therapeutescher Arbecht net aus den Aaen ze verléiren an doduerch Ressourcen kënnen ze notzen. Duerch méi wie 20 Joer Berufserfahrung an Weiderbildung sin awer och aner Referenzen an therapeutesch Interventiounen derbai kom die ech regelméisseg benotzen. D‘Schematherapie wou ech seit 2020 Weiderbildungen machen, gesin ech als eng grouss Bereicherung an menger Arbecht, fir integrativ ze schaffen.

 

Meng Approche baséiert op engem humanisteschen Menschenbild an versicht den Mensch an senger Globalitéit an an sengem Emfeld/Kontext ze verstoen. Mein therapeuteschen Stil ass ressourcenaktivéirend. Et geet drems d’Persoun an hirem Verännerungsprozess ze ennerstëtzen, d.h. sie ze befähigen méi Freiheet, méi Distanz oder Akzeptanz ze entwëckelen fir hir Gegenwart an Zukunft.

 

Studium an Berufserfahrung:

  • Psychologiestudium op der Université Catholique de Louvain-la-Neuve, Diplôme Licenciée en sciences psychologiques. Orientation psychologie clinique systémique (2001).

  • langjähreg therapeutesch Weiderbildungen : klientenzentrierte Gesprächsführung, Psychotraumatologie-Traumazentrierte Psychotherapie, EMDR (Eye Movement Desensitization Reprocessing), Systemische Therapie, Schematherapie.

  • seit 2017 vum Ministère de la Santé als Psychotherapeutin unerkannt an registréiert am Collège Médical.

  • Iwert 20 Joer um Terrain bei verschidden ambulanten Berodungsservicer fir Jonker geschafft : Psy-Jeunes (Croix-Rouge Luxembourgeoise,) Haus 13 an IMPULS, (Solidarité-Jeunes asbl) esou wie bei Erwuessenen : Familljen-Center an COVID-Helpline.

  • Vun 2004-2018 membre actif vum GPEPT (Groupe Permanent d’Encadrement Psychotraumatologique) vum Ministère de la Famille et de l’Intégration an am Asaatz bei diversen Grossschadensereignissen fir d‘Nobetreiung vun den Affer an den Angehörigen.

  • Affiliations: EMDR Luxembourg a.s.b.l. (membre fondateur), EMDRIA Deutschland e.V., SLP (Société Luxembourgeoise de Psychologie).

 

Mein Angebot richt sech un Erwuessener an d‘Gespréicher fannen statt entweder am Eenzelsetting oder am Kontext vum Coaching parental.

 

Rendez-Vous sin méigleg no Ofsprooch nëmmen Donneschdes moies op Lëtzebuergesch, Däitsch an Franséisch.

 

Falls Dir Interesse hut an gären een 1. Termin hätt, kënnt Dir mech unruffen (hannerlosst een Message) oder eng Email schreiwen.

KONTAKT

10A, Elterstrachen

L-7260 Bereldange

Bus 10 (Steinsel) - Bereldange Elterstrachen

Parking an der Strooss mat Disc

​Fir Froen oder e Rendez-Vous auszemaachen, kontaktéiert w.e.g. Är/e gewielten Therapeut/in direkt per Telefon oder E-Mail.

D'Psychotherapie gëtt vun der CNS rembourséiert.

  • Facebook Social Icon

© 2026 by Catherine Richard

bottom of page